Dëst Joer gëtt den Owend lancéiert mam Optrëtt vum DJ Karier, deen dofir suergt, dass dir vun Ufank un a beschter Stëmmung sidd.

Wéi och schonn déi Jore virdrun dierf eis Live-Band, The Noisemakers, natierlech net feelen. Mat hirem musikaleschen Talent bréngen si all Mënsch zum Danzen.

Dono kënnt eise legendäre Partymacher, de Pinkspace, an hëlt d‘Stëmmung op en neie Level. Maacht iech prett fir eng mega Atmosphär, bei där kee Fouss roueg bleift.

Dann geet et weider mam Optrëtt vum WazToo, dee fir eng Bommestëmmung suerge wäert. Freet iech op en energiegeluedene Set, dat dir sou séier net vergiesse wäert.

Als Ofschloss leet de Maybe John op. Domadder ass garantéiert, dass dir an der leschter Stonn vum Bal nach sou richteg profitéiere kënnt.

Et ass also fir all Museks Goût eppes dobäi, dowéinst trainéiert fläisseg ären Hëftschwong.