Nächst Editioun

Day(s)

:

Hour(s)

:

Minute(s)

:

Second(s)

Als Traditioun ënnert Studente kennen eis Elteren den Zürcher Bal schonn, mat senger Grënnung am Joer 1960 huet sech dëse Bal als ee vun den eelste Studentebaler vu Lëtzebuerger Studente bewisen deen haut nach steet. Dëst Joer geet den Zürcher Bal a seng 64. Editioun.

No engem Tour queesch duerch Lëtzebuerg mat Tëschestopp ënnert anerem am groussen Theater, dem Parc Hotel an der Rockhal, ass de Bal dëst Joer fir d'Néngt an der LuxExpo um Kierchbierg an hofft un de Succès vun de leschte Joren unzeknäppen! Awer egal wei laang et den Zürcher scho gëtt an op de verschiddene Plazen op deenen de Bal scho war, ginn nach ëmmer nei Memoiren do geschaaft, um Bal wou d’Studenten sech als eng Famill fir Chrëschtdag zesumme setzen an de Bam brenne loossen!
All weider Informatiounen zu den Ticketen fënns du hei:

Wichteg Informatiounen:

WOU?

Luxexpo The Box

WÉINI?

Ma natiirlech den 25/12/2026 um 21h!

WAT ASS DËST JOER NEI?

Den Bal ass zwar nach ëmmer an der Luxexpo, mee an enger méi grousser Hal. Ausserdem kennt een dëst Joer an der Entrée Sud Richtung Auchan eran! Méi Informatiounen zu der Location fannt dir hei.

WÉI KOMMEN ECH DOHIN?

Wéi all Joer fueren Navetten queesch duech d'Land fir iech sichen ze kommen an sëcher nom Bal heem ze bréngen! Méi Informatiounen zum Transport fannt dir hei.