LOCATION
Wou fënns du eis?
Déi 64. Editioun vum Zürcher Bal fënnt rëm de 25. Dezember an der Luxexpo um Kierchbierg statt. Trotz der bekannter Location ass de Bal dëst Joer net esou wéi dir e kennt! Fir ee besseren a méi sécheren Bal kennen z'organiséieren si mir dëst Joer an eng méi grouss Hal vun der Luxexpo geplënnert.
De Bal wäert awer trotz all den Ännerungen säin ale Charme behalen; et ginn 3 Baren, ee flotte Bausseberäich mat Iessstänn an eng immens Stëmmung!
WICHTEG!!! D'Entrée ass dëst Joer och anescht, et ass NET wéi gewinnt d'Entrée Nord, mee dir kommt dëst Joer duerch d'Entrée Sud (déi Richtung Auchan) an de Bal eran!
Weider Informatiounen zum Transport fannt dir hei.
