Location
Déi 62. Editioun vum Zürcher Bal fënnt rëm de 25. Dezember an der LuxExpo um Kierchbierg statt. Des Editioun bestiecht mat hire villen Neierungen an dem traditionelle Charme vum Bal. An engem komplett neie Bausseberäich fannt fir e klenge Foodvillage nieft eise Sanitäranlagen an dem Fumoir. D’ Alumni Bar ass nees dobäi, déi vun ancien LSZler geschmass gëtt. Mat eisen dräi Bare sidd der ni weit vum nächste Glas. Außerdem hu mir nei eng riseg Lounge inklusiv Loungebar am Haaptsall.
Traditionell bréngen iech eis Navette gratis op de Bal a rëm Heem, är Jacketten a Schong kënnt der an eisen dräi Garderobe gratis ofginn.
Musek
Dëst Joer gëtt den Owend lancéiert mam Optrëtt vum DJ GIOM.
Wéi och schonn déi Joren virdrun dierf eis Live-Band, The Noisemakers, natierlech net feelen. Mat hirem musikaleschen Talent bréngen si all Mënsch zum danzen.
Dono kënnt eise legendäre Partymacher, den DJ Nosi an hëlt d’Stëmmung op en néie Level. Erwaart iech also eng Bommestëmmung.
Ofgeschloss gëtt mam Waztoo, deen dofir suergt dass dir och nach an der leschter Stonn sou richteg vum Bal profitéiere kënnt.
Et ass also fir all Museks Goût eppes dobäi, dowéinst trainéiert fläisseg ären Hëftschwong.
Dresscode
Erfuerdert ass déi zum Zürcher Bal traditionell ‘Tenue correcte’, erlaabt sinn Oweskleed, Jumpsuit, Kostüm mat Krawatt oder Méck, chic Schong oder Ballerinnen (oppassen: Virverkafstickete kënnen net rembourséiert ginn). Et sief och bemierkt dass et net méiglech ass an der Oweskeess en Ticket an der Jeans kafen ze kommen a méi spéit an Tenue correcte op de Bal ze kommen. Mir behalen eis d’Recht vir, Leit déi dem Wiese vum Bal net ugepasst ugedoe sinn d’Entrée ze verweigeren.
Alterslimite
De Mindestalter fir eran ze kommen ass 18 Joer. Eist Sécherheets- a Keesepersonal wäert systematesch Alterskontrolle maachen. Wien do laut Carte d’Identité manner wéi 18 Joer huet oder sech net kann ausweise wäert net op de Bal eragelooss ginn (oppassen: Virverkafstickete kënnen net rembourséiert ginn).