Wéi kommen ech dohinner an erëm heem?

Et gi gratis Navetten, d’Pläng ginn op latenightbus.lu veröffentlecht.

Kann een um Bal mat der Kaart bezuelen?

Jo.

Wat maachen ech mat menger Jackett?

Du kanns se an enger vun eisen dräi Garderobe gratis ofginn

Muss ech mäin Ticket printen?

Nee, du kanns einfach däin Ticket um Handy matbréngen.

Gett et eng Oweskees?

Nee, mir sinn komplett ausverkaf! 

Dresscode

Erfuerdert ass déi zum Zürcher Bal traditionell “Tenue correcte”, erlaabt sinn Oweskleed, Jumpsuit, Kostüm mat Krawatt oder Méck, chic Schong oder Ballerinnen (oppassen: Virverkafstickete kënnen net rembourséiert ginn). Et sief och bemierkt dass et net méiglech ass an der Oweskeess en Ticket an der Jeans kafen ze kommen a méi spéit an Tenue correcte op de Bal ze kommen. Mir behalen eis d’Recht vir, Leit déi dem Wiese vum Bal net ugepasst ugedoe sinn d’Entrée ze verweigeren.

Wéi al muss ee sinn?

De Mindestalter fir eran ze kommen ass 18 Joer. Eist Sécherheets- a Keesepersonal wäert systematesch Alterskontrolle maachen. Wien do laut Carte d’Identité manner wéi 18 Joer huet oder sech net kann ausweise wäert net op de Bal eragelooss ginn (oppassen: Virverkafstickete kënnen net rembourséiert ginn).