Öffentlëchen Transport
Dank der Hëllef vu latenightbus.lu ginn et eng ganz Rei Méiglechkeete fir ouni Auto op den Zürcher Bal an d’LuxExpo ze kommen. Fir méi Nohalteg ze sinn, leeë mir all Mensch un d’Häerz mam Bus, Zuch oder Tram ze kommen. De Plang gëtt op latenightbus.lu verëffentlecht.
Parking
Fir eis Gäscht déi mam Auto ukomme gëtt et natierlech e Parking virun der Luxexpo (Parking Nord recommandéiert). Dëse Parking huet 750 Platzen an ass dee ganzen Owend souwéi och den Dag dono nach op, fir déi Leit déi léiwer mat enger Navetten heemfueren an den Auto den Dag drop siche kommen. Um Parking gëllt en Tarif forfaitaire vu 5 €. Mir wëllen op dësem Punkt och drun erënneren, dass mir gratis Navetten zur Verfügung stellen.
Hei e Plang vun der Luxexpo a wou de Parking läit.