Wéi kommen ech dohinner an erëm heem?
Et ginn gratis Navetten, d’Pläng sinn um latenightbus.lu veröffentlecht.
Ginn et nach Ticketen fir den Zürcher Bal?
Nee. Mir sinn komplett SOLD OUT!
Muss ech eng Mask um Bal undoen?
Nee. Sou wéi d’Situatioun am Moment ass, fennd den Bal sou statt wéi fréier ouni Corona. Dir kënnt Iech op en normalen traditionnellen Bal frëeen.
Gett et eng Oweskeess?
Nee et wäert keng Oweskeess ginn.
Wou fënnt een d’Fotoen déi den Owend selwer am Fotoseck gemach gouffen?
Déi fënns du ennert desem Link: Fotoseckfotoen
Muss ech mäin Ticket printen?
Wann s du en Smartphone hues, brauchs du däin Ticket net erauszedrécken, mee kanns einfach däin Ticket um Handy matbréngen. Bei méi eeleren Handye rode mir iech zur Sécherheet un eng geprint Versioun matzebréngen.
Wéi al muss ee sinn? Wat kann ech undoen?
D’Alterslimitt ass 18 Joer an et muss een eng “tenue correcte” unhunn, erlaabt sinn Oweskleed, Jumpsuit, Kostüm mat Krawatt oder Méck, chic Schung oder Ballerinnen.
Eng Jeansbox oder Sneakers sinn net erlaabt an d’Entrée gëtt iech an dësem Fall net erméiglecht och wann der en Virverkafsticket hutt.
Fënnt de Bal statt?
Jo. Soulaang wéi déi aktuell Situatioun et erlaabt wäert den 60. Zürcher Bal stattfannen.