Virverkaf

Sécher dir däin Ticket fir den Zürcher Bal 2023 sou fréi wéi méiglech! De Virverkaf ass déi beschte Méiglechkeet sech d’Ticketen am bëllegsten an ouni Stress ze sécheren a mat Sécherheet den Zürcher Bal net ze verpassen. De Start vum Virverkaf ass den 1. Dezember um 18:00. Save the date! Méi Informatioune komme spéider.

 

Lëschtekeesen

Verschidden auserwielte Leit kréien dëst Joer de Privileeg, zu eiser Lëschtekees eran ze goen. Dëst sinn:

  • D’Comitésmembere vun engem Studentecercle (ACEL Comitéthéik Lëschten)
  • All déi aner, deneen den LSZ e spezielle Merci fir hier Mataarbecht um Zürcher Bal wëll ginn (nëmme mat Invitatioun vum LSZ Comité)

Alleguerten déi Leit stinn op enger Lëscht déi an da Leschtekees hannerluecht ass. Jiddereen deen op sou enger Lëscht steet muss sech ausweise kënnen, also vergiesst op kee Fall är Carte d’Identité.

WICHTEG:

Eng Gratisentrée gëllt nëmme fir eng Persoun; wann Dir a Begleedung sidd, da muss déi Persoun een Ticket kafen (am beschten am Virverkaf). Gratis Entréeë kënnen net op aner Persounen iwwerdroe ginn: Eng Persoun déi zwou garantéiert Entréeën huet, kann déi iwwerflësseg Entréesgarantie NET op eng aner Persoun iwwerdroen.