Busverkéier

Dank der Hëllef vun latenightbus.lu ginn et eng ganz Rei Méiglechkeeten un fir ouni Auto op den Zürcher Bal an d’LuxExpo ze kommen.Fir méi Nohalteg ze sinn lëee mer all Mensch un d’Häerz mam Bus ze kommen. De Busplang ass um latenightbus.lu verëffentlecht. 

Um Retour fiert all Bus déi Dierfer un déi en och op der Hinfahrt ugefuer ass. Um Retour kann een an all deenen Dierfer (also déi och op der Hinfahrt ugefuer goufen) op all offiziellem Arrêt (mat bloem Bus-Scheld) eraus klammen wou de Bus laanscht fiert. An der Stad kann een um Retour néierens aus dem Bus eraus klammen. Dofir fiert den Tram e bëssen méi laang. Infos iwwer den Tram kann en op mobiliteit.lu fannen.

Parking

 

Fir eis Gäscht déi mam Auto ukomme gëtt et natierlech en Parking virun der Luxexpo (Parking Nord recommandéiert). Dëse Parking huet 750 Platzen an ass dee ganzen Owend souwéi och den Dag dono nach op, fir déi Leit déi léiwer mat enger Navette heemfueren an den Auto den Dag drop siche kommen. Um Parking gëllt en Tarif forfaitaire vun 5 €. Mir wëllen op dësem Punkt och drun erënneren, dass mir gratis Navetten zur Verfügung stellen.

Hei en Plang vun der Luxexpo an wou den Parking ass.