Location
Nom Succès vun firun zwee Joer fënnt déi 60. Editioun vum Zürcher Bal rem den 25. Dezember an der LuxExpo um Kierchbierg statt. Des Editioun bestiecht mat hiren villen Neierungen an dem traditionelle Charme vum Bal. An engem komplett neien Bausseberäich fannt fir en klengen Foodvillage nieft eisen Sanitäranlagen an dem Fumoir. Nei dëst Joer ass och eng Alumni Bar déi vun ancien LSZler geschmass gëtt. Mat der Groußer Bar, klenger Bar an der Foyersbar sidd der ni weit vum nächsten Glas.
Traditionell bréngen iech eis Navetten gratis op den Bal an rëm Heem, är Jacketten an Schong kënnt der an eisen zwou Garderoben gratis ofginn.
Musek
Dëst Joer gëtt den Owend lancéiert mam Optrëtt vun eiser Live-Band, The Noisemakers. Wéi schonn op den viregten Zürcher gewisen, bréngen si all Mënsch zum danzen.
Dono kommen eis zwee legendär Partymacher, den DJ Nosi an den Flex Diamond an huelen d’Stëmmung op en néien Level. Erwaart iech also eng Bommestëmmung.
Et ass also fir all Museks Goût eppes dobäi, dowéinst trainéiert fläisseg ären Hëftschwong.



Dresscode
Erfuerdert ass déi zum Zürcher Bal traditionell ‘Tenue correcte’, erlaabt sinn Oweskleed, Jumpsuit, Kostüm mat Krawatt oder Méck, chic Schong oder Ballerinnen (oppassen: Virverkafstickete kënnen net rembourséiert ginn). Et sief och bemierkt dass et net méiglech ass an der Oweskeess en Ticket an der Jeans kafen ze kommen a méi spéit an Tenue correcte op de Bal ze kommen. Mir behalen eis d’Recht vir, Leit déi dem Wiese vum Bal net ugepasst ugedoe sinn d’Entrée ze verweigeren.

Alterslimite
De Mindestalter fir eran ze kommen ass 18 Joer. Eist Sécherheets- a Keessepersonal wärt systematesch Alterskontrolle maachen. Wien do laut Carte d’Identité manner wéi 18 Joer huet oder sech net kann ausweise wäert net op de Bal eragelooss ginn (oppassen: Virverkafstickete kënnen net rembourséiert ginn).