Als Traditioun ënnert Studente kennen eis Elteren den Zürcher Bal schonn, mat senger Grënnung am Joer 1960 huet sech dëse Bal als ee vun den eelste Studentebaler vu Lëtzebuerger Studente bewisen deen haut nach steet. Dëst Joer geet den Zürcher Bal a seng 61. Editioun.

No engem Tour queesch duerch Lëtzebuerg mat Tëschestopp ënnert anerem am groussen Theater, dem Parc Hotel an der Rockhal, ass de Bal dëst Joer fir d’drëtt an der LuxExpo um Kierchbierg an hofft un de Succès vun de leschte Joren unzeknäppen! Awer egal wei laang et den Zürcher scho gëtt an op de verschiddene Platzen op deenen de Bal scho war, ginn nach ëmmer nei Memoiren do geschaaft, um Bal wou d’Studenten sech als eng Famill fir Chrëschtdag zesumme setzen an de Bam brenne loossen!

Nächst Editioun

Day(s)

:

Hour(s)

:

Minute(s)

:

Second(s)